SUPPORTER-CLUB " Allez Zolwer"


Den Supporter - Club vum Zolwer Basket ass de 12 November 1972 gegrënnt gin. Eischten Président war den Jean-Pierre Jung, Vizeprésident den Guy Engel. Den démolegen 9 Mann starken Comité konnt seng éischt Aktivitéiten ophuelen. Et goufen Pronostiken gemaat; eng flott Saach déi bis haut weiderbesteet.
Den 11 September 1991 ass dunn aus dem Supporter - Club vum Zolwer Basket den " Allez Zolwer " gin . Eist Stammlokal ass zënter 2005 ërem den Café " LA FÔRESTIERE "
Ziel vum Supporter - Club war an ass et haut och nach emmer fier den Zolwer Basket ze "supporteieren", also ze ënnerstëtzen, an dat souwuel finanziell wei moralesch. Des Ennerstëtzung weist sech duerch eng ganz Rei vun Aktivitliten. Panneauen an'd Pronostiken sin wuel di wichtest; ma et gëtt der nach vill aner wéi : Lëtzebuerger Owend, Ouschtermâart, Supper - Lotto, Kiirmesball, Dëckkäpp, Rally - Pédestre, an Hellef iwerall wou mär kennen .
D' Recetten vun dësen Aktivitéiten gin alljoer's opp eiser Generalversammlung als Don dem Zolwerbasket gespendt .
Eng flott Saach also, eis Spiller, Jugend an Kanner an hierem Lieblingssport ze begleeden an ze ënnerstëtzen, end Saach fier déi et sech secherlech lount e bessen ze investéieren ...