Coupegewënner 1986

1. Rei vu l.n.r. LIBERATORE Jos, DONNERSBACH Jim, SCHNEIDER Daniel, DONNERSBACH Jean-Paul,
WALSDORF René(Kiné), THIELEN Lucien, FERRANTE Carlo

2. Rei vu l..n..r. HUEBER Nico(Coach), KEMP Carlo, NORMAN Michael, BINTZ Jean-Marie, LUX Raymond, KREINS Paul

-22. März 1986- BBC AS ZOLWER - ECLUSE STADTBREDIMUS 113:109 (56:65)

AS ZOLWER:
Raymond LUX(31), Michael NORMAN(22), Daniel SCHNEIDER(17), Carlo KEMP(16),
Jim DONNERSBACH(14), Lucien THIELEN(8), Jean-Marie BINTZ(5),
Jean-Paul DONNERSBACH, Paul KREINS, Carlo FERRANTE


E Réckbléck am Gespréich mam Jim Donnersbach, Capitän vun der Equipe déi deemols Coupe gewonnen huet.

Sportlechen Aspekt
Deemols haate mir eng gewësse Favoritenroll, well mir hun an der National 1 gespillt an d'Ecluse huet an der 3. Divisioun ronderemgeturnt. Sou huet dun ganz Land drop gewoard, dass mir géife verléieren an eis anstänneg blaméieren. D'Ecluse as mat 30 Punkten Firsprong an de Match gaang, well sie jo souvill Klassen ënnert eis woaren. Dat as natirlech en Ecart deen ee mol muss ausglaichen. Déi aaner haaten awer och eng ganz gudd Equipe um Terrain stoen.
Dass mer an Final komm sin, woa net firprogramméiert. Et woa awer och keng Saach déi onméiglech woa, well mir haaten deemols eng gudd Equipe. D'Ecluse haat sech gudd verstärkt an déi eigentlech Iwweraschung woa, dass sie an der Final stungen.
De Match woa am Ufang relativ ausgeglach, mir si net richteg ru komm an déi aaner hu probéiert hire Firsprong ze verteidegen. No 10 Minuten woare mer dun och nach 31 Punkten hannen an dat woa wirklech net esou evident. Eis Equipe woa deen Dag och net duerch Arbiteren befirdeelegt, wichteg Spiller woare fréi mat enger Rei Feeler belaascht.
An der Paus woare mer dun awer bis op 3 Punkten drun. Dono si mer och firkomm, mä Partie as awer emmer ausgeglach bliwwen bis zum Schluss.
Eng wichteg Virraussetzung fir Victoure woa, dass mir eis bewost woaren wéi schwéier et géif gin an dass mer net 5 Minuten dierften ophaale mat kämpfen, well soss wir et schlecht ausgaang.
Entscheedend woa dass de Jean-Marie Bintz op den Terrain koum an de Murphy neutraliséiert huet. Hee woa sou ze soen de Schlëssel vum Match, well heen eben hiren Ami aus dem Match geholl huet a mir als Equipe dun zesumme bis zum Schluss gekämpft hun. Als Equipe hu mir gudd zesumme gehaal.




Ambiance
Ech perséinlech hu mech firun déier Final net weider geckeg gemaach. Et woa fir mech e Match ewéi een aaneren. Natirlech geet jiddereen anescht mat esou enger Situatioun em. Ech wost dass mir net déi Equipe hätten fir direkt em de Champion ze spillen, mä dass mir awer am Stand woaren all Equipe ze klappen. Et woa vlait méi schwéier géint Ecluse ze spillen ewéi géint aanerer, well halt jiddereen op déi grouss Iwweraschung gehofft huet an déi sou ouni Drock konnte spillen a naischt ze verléieren haaten.
Firum Match woa alles méi cool. Mir hun eis schons Mëttes getraff firum Iessen a sin dun op Peppéng Keele spille gaang. Vun do aus si mir dun mat de privat Autoen op den INS gefuer. Mir haaten awer de ganzen Ulaaf vu Leit e bessen ennerschätzt a woaren net ze fréi do. Dat huet du mat sech bruecht, dass mir Problemer haaten fir selwer Parkplaazen ze fannen.
Nodeems déi éischt Coupe gewonne woa, woa Motivatioun bei eis natirlech grouss fir nach eng Jéier esou e Success feieren ze kennen.
Firun, während a nom Match hun eis Supporter super Ambiance gemaach encadréiert vun der Zolwer Musik déi emmer present woa. Si hun emmer 300% gin a woaren eise 6te Mann.
Wat feieren betrefft, woa dat deemols alles méi spartanesch. Mir sin einfach an Duerf gaang an hu gefeiert. Deels woa et och schons am Viraus organiséiert. Op gewonn oder verluer, mir hätten de Recht vum Owend egal wéi zesumme verbruecht. De Verain woa natirlech secher dass mer géife gewannen, respektiv as dovun ausgaang, mä mir woaren awer net ganz iwwerzeescht. Mir wosten dass d'Ecluse net ze ennerschätze wir. Wou et dun esou wait woa, hu mer natirlech grouss gefeiert. Déi meescht si réischt heem komm, do wao et net bessen hell, mä ganz hell.




Anekdoten
Ech hu fonnt um INS woa eng ganz speziell Atmosphäre. Et huet ee sech einfach mat der Ambiance matgoen geloos an dann gëtt een automatesch einfach dauernd 100%. Et huet ee geduecht et wir een op engem Concert. Op der enger Sait woa grouss Stëmmung an op der aanerer Sait as et dann sou weider gaang. Op béide Saiten hun d'Supporter einfach eng fantastesch Stëmmung gemaach.
Et woa natirlech flott a wichteg fir de Verain do ze gewannen, well bis dohin haate mer nämlech nach net esou vill Titele gewonnen.
Wou mer no der Victoire dann irgendwann zu Zolwer ukomm woaren, si mer an d'Clublokal gaang. Do koume mer bal Tréinen d'Baaken erofgelaaf, wou d'Leit do Spaléier stungen an op eis gewoard hun. Dat sin Erennerungen déi emmer bleiwen. Leit hu sou massiv op eis gewoard ewéi wann do lo irgendwelch Stare géife kommen, mä dat woa just fir eis.
Profile

Mat 6 Joër hun ech hei zu Zolwer ugefaang mat Basket spillen. (1966 méng éischt Lizenz)
Als Spiller hun ech de Verain nie gewiesselt. Vu 1966 bis 1990 woa ech als Spiller aktiv.
Dun hun ech mol e Joër naischt gemaach an dun 91/92 Mini B trainéiert. Vun 92-95 hun ech d'éischt Equipe trainéiert.
Dëst Joër man ech mol rem eng kleng Paus.

BACK