+ NEWS + NEWS + NEWS + NEWS + NEWS + NEWS + EVENTS

22.12.10
Landon Adler am Try-Out fir de verletzten Domonique Crawford
Vue dass den Domonique Crawford verletzungsbedingt länger ausfällt huet de Club decidéiert den Auslännerposten nei ze besetzen. Mam Landon Adler as en 2.06m groussen Center/Forward am Try-Out.

Dem Nique soe mir villmols Merci fir sain Asaz fir de Club!

30.09.10
Récktrett vum Seniorstrainer Di Bartolomeo
Leider muss den Zolwer Basket matdeelen, dass sain Härentrainer André Di Bartolomeo sain Amt wéinst unhaalenden Réckeproblemer muss nidderleen.Hee werd awer weider am Emfeld vum Club hellefen, souwait seng Gesondheet et zouléist.

26.06.10
Verstärkungen fir Saison 2010/2011

Déi Zolwer Equipe kann fir déi nei Saison op 2 Verstärkungen zielen. Nierft dem Michel Weyland(BC Mess) kënnt och nach den David Florentin op Zolwer!

Wëllkomm um Knapp a vill Erfolleg!


03.05.10
Resultat vum Galamatch
Mat 100:81 huet den aktuellen Zolwer Kader géint Champions vun 2002 gewonnen. Besonnesch an der éischter Halschent hun Champs gewisen, dass sie nach emmer effektive Basket kënne spillen. Mä Resultat woa un deem Owend nëmme Niewesaach. Firun voller Bud huet de Luc, deen am eemolegen Magentadress gespillt, e würdegen Oofschloss krut.(e.a. haaten den Domonique Crawford a Matt Cameron dem Luc per Videomessage gewënscht) Merci namol fir all déi schéi Joëren!

30.04.10
Neien Zolwer Härentrainer
Fir Saison 2010/2011 iwwerhëllt den André Di Bartolomeo den Trainerposten bei den Zolwer Hären. Hee gëtt de Nofolger vum Blazej Masura deen dës Saison mat der Equipe d'Klass gehaalen huet. Op dëser Plaaz soe mir namol Merci fir den Asaaz! Den Änder as keen onbekannten um Knapp, well bei séngem leschten Engagement huet heen 2002 de Champion gemaach. Welcome back a gudden Erfolleg!

26.04.10
Sportlerehrung


D'Seniors goufen fir den direkten Opstieg zereck an Diekirch League geeiert, Scolaires fir de Champion an hirer Divisioun an d'Fillettes fir hire Championstitel 2009.

An deem Sënn gratuléiere mir de Fillettes awer elo och schons fir den Doublé 2010!(Champion a Coupegewënner)


16.04.10
Saison 2010/2011


Mat Bléck op Saison 2010/2011 free mer eis matzedeelen, dass den Domonique 'Nique' Crawford och déi nächst Saison werd zu Zolwer spillen.

Oofgesi vum Luc Loesch deen dem Basket Eddi seet, bleiwen all déi aaner Spiller dem Verain trei.


15.04.10
Merci Luc! Abschiedsmatch 02.05.2010


Enn vun deser Saison verléist eise laangjährege Kapitän Luc Loesch d'Basketsbühn.

Den 02.05.2010 as dem Luc sain Abschiedsmatch um 18:00 um Scheierhaff an déier Haal wou heen all déi Joëren doheem woa.

An dësem Match spillt déi aktuell Zolwer Equipe géint Champions vun 2002. Dat gëtt e flotten Event wou ee vill aal Gesichter rëmgesait!

Be there!


23.03.10
AS Zolwer as och nächst Joer eischtklasseg!


Mat 126:74 gouf Nitia um Scheierhaff geklappt an duerch dei entscheedend Victoire bleift Zolwer eischtklasseg!
Gratulatioun!

Dëst woa dann och eisem Kapitän Luc Loesch sai leschten Heemmatch!

Merci fir all déi Joëren wous du fir Zolwer, a just fir Zolwer, Kierf geschoss hues!


11.02.10
Zolwer Jugend an der Coupe


Scolaires hun hir Halleffinal geint Sparta leider verluer an hun de Sprong an Coque verpasst.

Ewéi och schons lescht Joër hun Fillettes et an Final vun der Coupe gepackt. An der Coque spillen se de 24. Abrëll um 13:30 geint den T71(Gewënner vum leschte Joër). Ziel as Revanche fir déi knapp Nidderlaag vun 2009 ze huelen.


10.11.09
Nofolger fir de Serge Logelin fonnt
Nodeem de Yann Thiltges als Interim bei de Seniors agesprongen as, gouf elo e neien Trainer fonnt. Dobai handelt et sech em de Blazej Masura. Deen en aale bekannten am Club as. De Yann Thiltges geet erem zereck op Positioun vum Assistant Coach.

06.11.09
Domonique Crawford ersetzt de Cory Smith
Den Domonique Crawford ersetzt um Auslännerposten de Cory Smith. De 25jähregen Crawford huet e.a. bei den Obwerwart Gunners an dem USC Freiburg gespillt. Mat enger Gréisst vun 196cm a senger Erfahrung soll heen hellefen der negativer Serie vun Zolwer en Enn ze setzen.

16.09.09 Zolwer Equipe gouf mat 6 neie Spiller verstärkt

Fir Saison 2009/2010 gouf eis Equipe mat 6 neie Spiller verstärkt. Mat enger gudder Meschung vu Routine an Perspektiv droen des Spiller vun der neier Saison un den Zolwer Trikot:
Muepu Sascha
Hemmen Ben
Schreiner Christian
Kaba Bob
Eckes Gilles
Robert Marc


02.07.09
Tournoi d'Ouverture - 05.& 06. September 2009
Samsdeg 05.09.2009

Spiel

Stundenplan

Mannschaft 1

Mannschaft 2

1

15.00 hrs

BBC US HIEFENECH

Black Star MIERSCH

2

16.30 hrs

AS SOLEUVRE

BIS BASKETS SPEYER

3

18.30 hrs

VERLIERER DES SPIELS 1

SIEGER DES SPIELS 2

4

20.00 hrs

PERDANT DU MATCH 2

VAINQUEUR DU MATCH 1


Sonndeg 06.09.2009

Spiel

Stundenplan

Mannschaft 1

Mannschaft 2

5

15.00 hrs

Perdant Match 3

Verlierer d.Spiels 4

6

17.00 hrs

Vainqueur match 3

Sieger d. Spiels 4


29.06.09
Zolwer Präbelien

Déi nei Zolwer Präbelien sin do!

- klénge Präbbeli (schwarz-giel) ( 102 cm automatic ) 17 €
- grousse Präbbeli (schwarz-giel) ( 130 cm manuel ) 18 €

- kléngePräbbeli ( schwarz ) ( 102 cm manuel ) 17 €

Iwwerweisung zielt als Réservatioun

Kontosnummer : BCEE    LU 94 / 0019 / 5200 / 0057 / 2000
Mat der mention :
Präbbelie giel / schwarz kléng 17 €

Präbbelie giel / schwarz grouss 18 €
Präbbelie schwarz kléng 17 €

Fir wéider Renseignementer : PRATT Georges


03.06.09
2 Verstärkungen fir déi nei Saison
Nom direkten Opstieg zeréck an DL, gëtt de Kader weider ergänzt. Bis dato huet Zolwer 2 Verstärkungen fir déi nei Saison. De Ben Hemmen kënnt no enger Saison zu Walfer erëm zeréck op Zolwer. A vum Black Star Miersch kënnt de Sascha Muepu an de Minett.
Wëllkomm am Verain a vill Erfolleg!

01.06.09
Fillettes sin Champion vu Lëtzebuerg!
No der knapper Nidderlag géint den T71 an der Coupefinal hun Zolwer Fillettes awer nach en Titel op de Knapp bruecht. Dobai handelt sech em de verdingten Championstitel! Domat kënne sie op eng ganz erfollegraich Saison zeréck kucken an dann vlait klappt et dann nächst Joër mam Doublé.
Gratulatioun un Meedercher an hire Coach!