![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
|---|---|---|---|---|
Jubiläumsequipen 2007 |
Eise Basketclub AS Zolwer gëtt et elo schon sait méi ewéi 70 Joër. Wat gett et méi Schéines, ewéi an Erënnerungen ze schwammen an emol ze kucken, wéi dat alles ugaangen as. |
|---|
1936 as fir d’éischte Kéier vu Basket hei zu Zolwer geschwaat gin. Beetebuerg huet dat Joër firdrun e Basketsclub gegrënnt.A kuerz drop woa dat och zu Déifferdéng de Fall. Sou si mir emol bei sie kucke gaang, fir en Androck ze kréien wéi dat do leeft.“* |
Deemols haate sech e puer Zolwer Famillen zesummegesaat fir e Basketsverain ze grënnen.
Schon 1937 woa et esou wait. Déi éischt
Statuten si festgeluecht gin. De Basket woa du nierwent
de Scouten, déi schons 1932 gegrënnt goufen, eng Ennerdeelung vum
Jünglingsverain. Ennerhalb vun e puer Deeg woaren d'Memberen vum éischte Comite fonnt: |
| Paschtouer HEMES Alfred(+) ANEN Arnold(+) GILLE Raymond(+) ANEN Norbert(+) GILLE Robert ANEN Arthur KIRSCH Eugène(+) GOERGEN Roger(+) KAYSER Eugène(+) COLLARD Nicolas(+) KLENSCH Alphonse(+) DECKER Roger(+) THINNES Jean(+) DONDELINGER Nicolas(+) NIMAL Edmond(+) HEUSCHLING Lucien(+) ROSA René(+) DONDELINGER Louis(+) POINCIN Ferdinand(+) |
| „Nodeems de Verain du gegrënnt woa goung et drems en Terrain ze sichen. Du hu mir beim Knapp gesicht an du si mer drop komm do ze spillen, well do emmer vill Leit hi komm sin. De Knapp woa fir eis Zolwerer e richtegt Symbol.“ |
Wou den Terrain fonnt woa, konnt ee net direkt ufänke mat spillen. Als éischt huet de Buedem vum Terrain emol misse glaich gemaach gin. Mat Schëppen a Schubkaren hun Idealisten sech am Hierscht un d'Arbecht gemaach (net wait vum Zolwer Pëtz). Wou dat gemaach woa, woa et mat der Arbecht awer na net eriwwer. D' Panneauen hu nach gefeelt. Mä och dat sollt keen Hindernis sin, sou hun 2 Supporteren, Irrthum an Medinger, déi gestefft. |
| „De Buedem woa gudd, sou dass mer nie mam Terrain geplot woaren wa schlecht Wieder woa. De Knapp huet d'Wasser opgeholl, dee roude Buedem woa optimal.“ |
Kabinne gouf et deemols nach net. Mä de Basket krut an der Schoul um Pavillon eng
Dusch gestalt,
déi fir Gäscht als Vestiaire
geduecht woa. Zolwer Jongen hu sech doheem aneschters ugedoen
a sin dann a voller Montur vun do aus op de Knapp gezunn.
Den 21. März 1937 huet
Zolwer sain éischten offizielle Match um Knapp géint Avenir Esch gespillt. Zolwer haat 2 Equipen an huet
séng 2 éischt Defaiten vun der jonker Verainsgeschicht erlierft.
Déi éischt Victoire gouf et
de 6. Mai 1937 géint Nitia II Beetebuerg 29: 25.
Den 20. Juni 1937 huet Zolwer séng éischt
offiziell Championatspartie 21:19 géint Nitia III an der 2. Divisioun gewonn. |
| „Et goufe keng gréisser Rivalitéiten zwëschent den Equipen, jidderee wollt zwa gewannen, mä esou richteg Derbien sin et keng gin. Vue dass mir eis bei den Déifferdénger an de Beetebuerger vill inspiréiert haaten, stung fir eis fest, dass den Uersprong vum Basket am Minett woa.“ |
| *Arthur Anen, ee vun de Grënnungsmemberen |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
|---|