| ...de Marc Robert |
|---|
De Wiessel vum T71 op Zolwer as fir mech... |
De Wiessel vum T71 op Zolwer as fir mech eng nei Erfahrung well et main éischte Wiessel as an ech esou an engem neien Emfeld spille kann. Ech hoffen dass ech dem Club eppes Positives brénge kann. |
|---|---|
Wat sin déng éischt Andréck vun dénger neier Equipe? |
Ménger Meenung no hu mir dëst Joër eng ganz Jonk Equipe mat immens vill Potential. Mir sin e gudde Grupp an hun dat neidecht Talent fir an den Top6. Ech free mech firun allem op eise neien Amerikaner. |
Wat as dain Ziel dats du mat dengem neie Club ereesche wëlls? |
Ech mengen dat Haaptziel as firun allem mol dass mir drableiwen an et wir immens wann mer ënnert déi éischt 6 géife kommen a fréizaiteg oofgesechert wiren. Des Weider hoffen ech, dass mer laang em Coupe kënne matspillen. |
Hues du e Spëtznumm? |
Nee ech hu kee Spëtznumm obwuel ech an der Lesch vun e puer Spiller lo mol Robby genannt gouf, fir mech vum aanere Marc ze ënnerscheeden. |
Wéieng Erënnerung hues du un dain aale Verain? |
Ech hu vill gudd an o manner gudd Erënnerungen u main aale Verain. Dee schéinsten as fir mech natirlech main éischte Championstitel mat den Espoirs an der Saison 07/08 a natirlech o all déi Kollegen wou ech vu klengem un kennen. |