| ...de Gilles Eckes |
|---|
De Wiessel vun der Etzella op Zolwer as fir mech... |
De Wiessel vun der Etzella op Zolwer as fir mech hoffentlech verbonne mat ville schéine Momenter an Erfahrungen. |
|---|---|
Wat sin déng éischt Andréck vun dénger neier Equipe? |
Also bis elo hun ech ee ganz gudden Androck. D'Stëmmung an der Equipe as ganz gudd a mir verstinn eis all op a nierft dem Terrain zimlech gudd mateneen. |
Wat as dain Ziel dats du mat dengem neie Club ereesche wëlls? |
Als éischt wëll ech mol einfach dru Spaas hu Basket ze spillen an dono daat bescht aus eiser Saison ze maachen. |
Hues du e Spëtznumm? |
Ech hun der e puer, am meeschten gin ech awer Eckes oder EX genannt. |
Wéieng Erënnerung hues du un dain aale Verain? |
Ech haat vum Baby-Basket un zu Ettelbréck gespillt, ech mengen méng schéinsten Erfahrungen woaren wou ech 2mol konnt dobai si wou mer Coupe konnte gewannen, mee ech hun awer och soss na vill gudd Erënnerungen un déi ech gär zeréck denken. |