| 5 Froën un... de Luc Loesch (08-09-2007) | ![]() |
|---|
Wéi definéiers du déng Roll als eelsten an der Equipe? |
Ech well main Deel zum Erfolleg baidroen a ménge Verpflichtungen als eelste Spiller nogoen. Ech gesi mech als Ennerstëtzung fir déi Jonk, wéi déi eelsten an all Liewenssituatioun. |
|---|---|
Wéi verleeft d'Virbereedung bis elo an hun déi nei Spiller sech gudd integréiert? |
D'Virbereedung verleeft relativ gudd et as just e bessi stiermesch wat Saach mam Ami betrefft. Dovun oofgesin triede mer anescht op, et as rem eng aaner Mentalitéit do, déi ganz positiv as. Konditionell si mer och besser ewéi lescht Saison a wat ganz wichteg as, as dass Chemie an der Equipe stemmt. Et as e Grupp dee fest zesummenhällt, dat as enorm wichteg. |
Wéi huet de Basket vun haut sech am Verglach mat déngen Ufanksjoëren verännert? |
Am Verglach zu deemols as et e ganz aanert Spill. Deemols woa de Basket nach net esou physesch. Dat huet enorm baigeholl an de leschte Joëren,opwuel mer am Verglach zum Ausland nach emmer hannendrunhänken. Et gett och vill méi trainéiert ewéi fréier. |
Wéi kriss du dai Beruf an de Basket ënnert een Hutt? |
Mir gin eis do gudd eenz. Ech dréinen et esou, dass et geet an dann klappt dat. Ech hun Ënnerstëtzung vun de Cheffen, dat as och ganz wichteg. |
Wat as dai perséinlecht Ziel fir des Saison? |
Em de Champion an em Coupe ze spillen, dofir triede mer jo un. Also minimum 6. Plaaz, dat wir wirklech gudd an alles wat dono kennt as wellkomm. Hoffentlech geet et net méi an de Playdown. Perséinlech hoffen ech dass mia Kierper hällt an dass ech der Equipe weiderhellefe kann. |